E bësselche Gesicht iwwer de Betrib an iwwer Natursteen :

Kuerz nom 70.er Krich (1870-1871) huet mein Ururgrousspapp um Nidderkuer bann ugefangen e Steebroch ze erschléissen.


Doraus sinn da méi oder wéineger kleng Bléck weider zou Mauersteng, Mallongen, Parmaen, Fensterbäncken, Trapen, an zu aner Steenhaerarbechten verschafft ginn.


Den am Süde vum Land virkommende Kalksteen (Dogger) ass net mam lëtzebuerger Sandsteen (Lias) ze verwiesselen. Heibäi handelt et sech em den Otter-Kalksteen (Calcaire d'Ottange), eng geologesch Sträif aus dem Dogger déi sech aus der Belsch iwwer Péiteng, Déifferdeng, Rëmeleng, Téiteng a Frankräich eranzitt. Schonn zur Réimerzait ass den Otter-Kalksteen verschafft ginn (iwwerreschter um Tetelbierg zéien dervunn) an ass a grousser Stéckelzuel vum Foundatiounssteen bis zur profiléiter Corniche duerch d'Joerhonnerte vir Gebaier ze bauen agesat ginn.


An den 20.er Joeren vum leschte Joerhonnert ass dann en zweete Steebroch um Déifferdenger bann beikomm, kuerz duerno ass de Nidderkuerer dann zougemaach gin well e keng uerdentlech Bléck méi ervirbruecht huet. Dé wor dann och bis Enn 50.er Joer a Betrib an huet bis zulescht schéi Bléck mat mosse bis 3-4 Meter ervirbruecht.

 

Uganks 60.er Joeren ass sech dann ëmgestallt gi mat dem éischten Import vu Granit den zum deel och selwer verschafft gi ass. Am Ufank aus de Vogesen, duerno aus der Bretagne, Südfrankräich an Südafrika.

 

1981 ass dann eng nei Wierkstat zu Déifferdeng gebaut ginn.

 

Do ass dann esou zimlech alles verschafft gi wat mat Natursteen ze di huet, ënnert anerem : Granit, Marber, Kalksteen, Sandsteen, Schifer asw... Fir Griewer, Baussen a Bannentrapen, Buedembelag asw... Wei em 80.er Joere d'moud mat Kicheplacken aus Granit opkoum ass, där dann och.

 

Uganks 2000 sinn dann nei Compositprodukter op de Maart komm, déi am allgemengen ënnert dem numm Quartz gehandelt gi, mat Marke wie : Silestone, Technistone, Quarella asw... Déi loose sech mat der selwechter Technologie verschaffe wie Natursteen well se zum groussen deel aus Natursteen bestinn déi mat polymériséierten Harzen gebonne sinn.

 

2010 ass et dann erëm zéit gi vir drun ze denke sech nei opzestellen, 30 Joer ware jo schonns zënter 1981 erëm an d'Land gezunn.

 

2014 steet dann de neie Betrib mat Lager, Atelier, an Ausstellung zu Nidderkuer an der neir ZAC Haneboesch II dem Client zur Verfügung.

 

Marbrerie Mosar dat sinn :

 

                 * Iwwer 135 Joer am Natursteen doheem,

                 * Iwwer 60 Joer Erfahrung am Granit a Marber,

                 * Geschwënn 15 Joer Erfahrung am Quartz.